arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spillschoulkanner zu Nidderkuer entdecken hir Rechter

Demokratie am Klassesall

|
headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow

Spillschoulkanner zu Nidderkuer entdecken hir Rechter

An der Virbereedung op d’Woch vun der Demokratie hu Kanner aus der Nidderkuerer Spillschoul faarweg Plakater gebastelt an anere Kanner erkläert, wat hir Rechter sinn.

headphones

2 min

headphones

5 min

play_arrow
© Bigstock / Wavebreak Media
(Foto: Bigstock / Wavebreak Media)

D’Fro, wéi Demokratie funktionéiert, wäert am Oktober mat der Woch vun der Demokratie nees an de Fokus geréckelt ginn. Uechter d’Land kréien d'Schülerinnen a Schüler Méiglechkeeten, fir un Atelieren an Aktivitéiten deelzehuelen an demokratesch Prozesser an hirem Alldag kennenzeléieren. E puer Schoule si schonn am Summer un d’Theema erugaangen – dorënner och d’Spillschoul zu Nidderkuer.

Faarweg Plakater als Ausgangspunkt

Mat Hëllef vu Biller a Symboler hunn d’Kanner Plakater gebastelt, déi verschidde Rechter duerstellen. Virun der Presentatioun huet d’Léierin Natalie Atten erkläert, firwat esou eng Aktivitéit wichteg ass

"Dir kennt Är Rechter – awer och net ganz. An dofir ass et wichteg, dass déi Grouss de Kanner hir Rechter erklären."

Kuerz drop war d’Presentatioun: D’Kanner hunn hir Iddien an d’Resultater vu gemeinsame Reflexiounen ugebueden.

Recht op Numm, Schutz a gesond Iessen

D’Lëscht vun de Rechter war divers: Vum Recht op eng Famill, e Spidol oder Schutz virum Krich, iwwer d’Recht seng Meenung ze soen, bis hin zum Recht op gesond Iessen.

Ee Grupp huet et esou zesummegefaasst:

"Mir hunn d’Recht e Numm ze hunn an e Kand ze sinn. Ech hu Recht eng Famill ze hunn. Mir hunn d’Recht op Schutz. Mir hunn d’Recht op de Planéit. Mir hunn Recht op gesond Iessen."

D’Zil: Kanner sollen sech mat hire Rechter vertraut maachen an esou ee Bewosstsinn entwéckelen, datt och si Stëmm a Schutz hunn.

Spillschoul als éischte Schrëtt

Wou a méi héije Klassen demokratesch Prozesser wéi e Klasserot méiglech sinn, geet et an der Spillschoul nach net esou wäit. Zu Nidderkuer gëtt mat klenge Schrëtt ugefaangen,  spilleresch a kreativ. Esou léieren d’Kanner, datt Demokratie net nëmme fir Erwuessener gëllt.

Zum Schluss war sech d’Klass och eens, wat dat populäerste Recht ass:

"Mäi Lieblingsrecht ass ze spillen an ze chillen!"

play_arrow Lauschteren