Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Sonndesaarbecht vun 8 Stonne soll generell erlaabt ginn

Reform vum Code du travail

Sonndesaarbecht vun 8 Stonne soll generell erlaabt ginn

An Zukunft soll et am Eenzelhandel sonndes generell erlaabt si fir 8 Stonnen ze schaffen, an net nëmme 4, wéi et bis elo de Fall ass. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet den deementspriechende Gesetzprojet, deen de Code du travail wäert reforméieren, gëschter um Freidegowend per Communiqué annoncéiert.

auto_stories

1 min

Georges Mischo | © ADEM

Den LCGB an OGBL weise sech irritéiert iwwer déi Annonce, déi se iwwert d’Presse gewuer goufen. Am Comité permanent du travail et de l’emploi hate si vum Georges Mischo gefuerdert, si net virun e Fait accompli ze setzen. Dat wier awer elo geschitt.

Bannent de leschte Joren hunn d’Gewerkschaften am Secteur vum  Commerce wuel a 40 Kollektivverträg eng Sonndesaarbechtszäit vu méi ewéi 4 Stonne virgesinn, mee op fräiwëlleger Basis. D‘Géigepartie dovunner sinn héich Sonndeszoulagen oder och méi Congé.

Mat enger Generaliséierung vun den 8 Stonne wier et an Zukunft awer schwiereg, besser Konditiounen auszehandelen, soen d‘Gewerkschaften. Si gesi sech e Méindeg de Mëtteg fir Concertatiounen.