Radioen

On air

Notturno  |  Polobi & The Gwo Ka Masters - On Jan Padjanbel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Urteel am Prozess ëm Marine Le Pen soll haut gesprach ginn

Frankräich

Urteel am Prozess ëm Marine Le Pen soll haut gesprach ginn

A Frankräich gëtt haut mat Spannung op d'Urteel am Prozess ronderëm d'Marine Le Pen gewaart. Der rietsextreemer Politikerin gëtt virgehäit Mataarbechter am Europaparlament zum Schäi beschäftegt ze hunn.

auto_stories

1 min

headphones

5 min

Marine Le Pen | © picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri play_arrow
Marine Le Pen (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

D'Leit solle mat EU-Gelder bezuelt gi sinn, awer fir de Rassemblement national geschafft hunn. D'Urteel haut kéint desastréis Konsequenze fir d'Politikerin, awer och grouss Konsequenze fir déi franséisch Politik hunn. D'Le Pen riskéiert bis zu fënnef Joer Prisong, dovunner zwee fest.

Si wier och fënnef Joer laang net eligibel. Well d'Strof nom Prinzip vun der Exécution provisoire direkt nom Urteel exekutéiert gëtt, wier eng Kandidatur fir déi nächst Presidentschaftswalen 2027 net méi méiglech. D'Politikerin selwer huet d'Virwërf ëmmer zeréckgewisen. 

Weider Explikatioune vum 100,7-Frankräich-Korrespondent Max Tholl

Lauschterenplay_arrow