Et ass elo emol en Iwwergangsbudget dee steet, de Präis fir den Accord bezilt d‘Ukrain. An deem Budget ass nämlech keng weider Ënnerstëtzung fir d‘Land virgesinn. Den US-President Joe Biden huet bei der Ënnerschrëft vum Gesetz gesot, et dierft een ënnert kengen Ëmstänn zouloossen, datt déi amerikanesch Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain ënnerbrach gëtt.
Dësen Iwwergangsbudget léist de Parteien nëmmen eng kuerz Otempaus. E leeft bis Mëtt November, a bis dohinner muss ee sech och iwwer den normale Budget eens ginn. Ouni den Accord vun hënt wieren d‘Beamte mee och d‘Member vun der Arméi an den USA vun haut un, a bis op Weideres net méi bezuelt ginn.