Radioen

On air

Notturno  |  Aaron Abernathy - I Want You Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Shell gewënnt e Prozess géint Ëmweltschutzorganisatiounen

Zu Den Haag

Shell gewënnt e Prozess géint Ëmweltschutzorganisatiounen

De Energiekonzern Shell muss seng CO2-Emissiounen awer net drastesch reduzéieren. Ee Geriicht zu den Haag huet en Urteel aus éischter Instanz den Dënschdeg opgehuewen an d‘Plainte vun Ëmweltschützer deemno rejetéiert. An éischter Instanz gouf Shell nach dozou forcéiert, seng CO2-Emissiounen ze reduzéieren, wéi de Paräisser Klimaaccord dat virgesäit.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Shell | © picture alliance/dpa | Hannes P Albert play_arrow
Foto: DETAIL.RELEASEMODEL.NOTAVAILABLE

Ëmweltorganisatiounen hate Shell verklot an 2021 och Recht kritt. An engem historeschen Urteel hat d’Geriicht zu den Haag deemools ordonéiert, datt de Konzern seng CO2-Emissioune bis 2030 ëm 45 Prozent par rapport zu 2019 reduzéiere muss. Nach ni virdru gouf ee Konzern dozou forcéiert, net nëmmen déi eegen Emissiounen, mee och déi vu senge Livreuren a Clienten drastesch ze reduzéieren.

Shell krut a senger Argumentatioun Recht

Shell ass géint dat Urteel an Appell gaangen an huet argumentéiert, datt d’Paräisser Klimaofkommes keng Verflichtung fir Konzerner virgesäit, hir Emissiounen ze reduzéieren. Net e Geriicht, mee eng Regierung misst dat ordonéieren. Ausserdeem kéint eng Entreprise net fir d’CO2-Emissioune vu senge Cliente verantwortlech gemaach ginn, sou nach d’Argumentatioun vu Shell.

D’Geriicht zu den Haag huet Shell elo Recht ginn an de Konzern net méi dozou verflicht, d’Emissioune bei der Produktioun vun Energie ze reduzéieren. Shell wier schonn um gudde Wee a wéilt selwer bis 2030 eng Reduktioun ëm 50 Prozent erreechen, heescht et am Urteel haut.

Milieudefensie geet an Appell

D’Ëmweltorganisatioun Milieudefensie, den Haaptkläger an dësem Fall, wäert a Revisioun goen, dovu gi vill Experte scho sécher aus. Fir Milieudefensie ass Shell – "ee vun de gréissten Ëmweltverschmotzer vun der Welt".

Lauschterenplay_arrow