Enttäuschung a Schock – sou beschreift de Serge Wilmes d’Reaktioun vun enger grousser Majoritéit vu Länner op dee staark verwässerten Text, dee gëschter publizéiert gouf. Elo géifen d’Delegatiounen zu Dubai alles maachen, fir een Echec vun der COP ze evitéieren:
"An d’Europäesch Unioun an och hir Partner, an hir Alliéierte sinn am Gaangen elo, Brécken ze versichen ze baue fir déi Länner, déi Pëtrol produzéieren, fir déi och mat u Bord ze kréien.”
1,5 Grad-Limitt dierf net a Fro gestallt ginn
D’Positioun vun der EU, wat an der Ofschlossdeklaratioun misst stoen, wier kloer:
"Datt déi 1,5 Erwiermung wou d’Limitt soll sinn, datt déi net a Fro gestallt gëtt. Datt mir alles maachen, datt mir net do driwwer ginn an dat heescht am Umkehrschluss, datt mir hei mussen decidéieren aus de fossillen Energien eraus ze klammen.”
Existenz vun Inselstaate steet um Spill
Vill Länner, dorënner d’USA, géifen déi Positioun deelen. Besonnesch fir déi kleng Inselstaaten am Pazifik géif et guer keng aner Optioun ginn, esou de Serge Wilmes, well hir Existenz duerch d’Äerderwiermung a Fro gestallt ass. Déi kéinten net hirt d'Doudesuertdeel ënnerschreiwen.
Den Ëmwelt- a Klimaminister betount, datt d’EU mat virsiichtegem Optimismus an déi lescht Verhandlungsronn geet. Een Echec vun dësem Klimasommet schléisst hien net aus, et géif een awer alles maache fir datt d'COP28 e Succès gëtt.
Gemeinsam EU-Positioun
De Serge Wilmes ass nach bis den Owend um Klimasommet. Wéinst dem Regierungsrot um Mëttwoch kënnt hien dann op Lëtzebuerg zréck. Also méiglecherweis éier d’Verhandlungen zu Dubai ofgeschloss sinn.
D’EU-Memberlänner triede bei den internationale Klimaverhandlunge mat enger gemeinsamer Positioun un. Lëtzebuerg bleift mat enger Delegatioun vu Beamte bis zum Schluss vun der COP28 vertrueden.