arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Serbie wielt een neit Parlament: Knappt Rennen tëschent dem Vučić an der Studentska

Serbien

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Serbie wielt een neit Parlament: Knappt Rennen tëschent dem Vučić an der Studentska

6,5 Millioune Mënschen a Serbie kennen hir Stëmm haut ofginn. D'Wallokaler si vu 07:00 bis 20:00 Auer op. Mat engem éischte virleefege Resultat kann een am spéiden Owend rechnen. Den aktuelle President Aleksandar Vučić hat am September Neiwalen ausgeruff.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/MARKO DJOKOVIC
(Foto: EPA/MARKO DJOKOVIC)

Zënter 2012 huet den Aleksandar Vučić a seng rietspopulistesch Serbesch Fortschrëttspartei SNS d’Muecht a Serbien a festen Hänn.

Accident zu Novi Sad als Ausléiser 

Zënter bal zwee Joer awer halen d’Protester géint d’Regierung net méi op. Den Ausléiser war ee graven Accident. An der serbescher Stad Novi Sad ass den Daach vun der Gare am November 2024 agestierzt. 16 Mënsche sinn dobäi ëm d’Liewe komm.

Aus deene Protester ass d’Studentebeweegung entstanen, déi dem Autokrat elo trotzt.

An hire Fakultéiten hunn d’Studenten eng Wallëscht ausgeschafft mam Numm "Students Win". Op der Lëscht si keng Berufspolitiker, mee Universitéitsproffessor:innen, Kardiologen a Baueren. Et ass eng basisdemokratesch Beweegung, esou de Politolog Vedran Džihić vum éisträicheschen Institut fir international Politik.

"Das was wir hier gesehen haben, ist eine Graswurzelbewegung, ohne Spitzenkandidat und starkem charismatischem Zug."

De Politolog mengt, datt et ee knappt Renne kéint ginn. Dat awer och just, well d’Walen net fair oflafen.

"Meine These ist, wenn es eine faire und freie Wahl gäbe, ohne Manipulation der Wählerlisten, ohne die enorme Dominanz der SNS im Medienbereich, ohne den Kauf von Stimmen in kleinen Betrieben wäre es ein überwältigender Sieg für die Studentenbewegung, da bin ich überzeugt."

D'EU sollt elo ganz genee dohi kucken

Géiffen d’Studenten trotzdeem gewannen, kéint et zu Onrouen am Land kommen, seet den Vedran Džihić. Den aktuelle President géif net gäre seng Muecht opginn, esou de Politolog. D’EU sollt elo genau op Serbie kucken. 

"Das ist gar nicht so unwahrscheinlich, dass Aleksandar Vučić dann sagt ‘Ich habe die Wahl gewonnnen.’ Und die Studenten sagen aufgrund ihrer Quellen ‘Wir haben auch die Wahlen gewonnen.’ Aus dieser Pattsituation kann sich alles mögliche entwickeln."

Och massiv Ausschreidunge wieren net auszeschléissen. 

"Das ist auch eine Botschaft an die Europäische Union, ganz genau hinzuschauen." 

Fir d’Walen ze kontrolléieren huet d’EU-Parlament eng Beobachtungsmissioun a Serbien gescheckt.

Zënter 2012 ass d’Land EU-Bäitrëttskandidat. Wéi an ob dee Prozess weidergeet, dat hängt och vun deene Walen of.

play_arrow Lauschteren