Radioen

On air

Moiesstudio  |  Panorama

play_arrow Live
search

/ Selenskyj op Visitt am Baltikum

Vilnius

Selenskyj op Visitt am Baltikum

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass haut op Visitt an der litauescher Haaptstad Vilnius. Litauen ass déi éischt Etapp vum ukrainesche President senger Visite an de baltesche Republicken. An den nächsten Deeg gëtt de Selenskyj och an an den zwee EU- an NATO-Länner Lettland an Estland empfaangen.

auto_stories

1 min

Déi baltesch Republicken gehéieren zu de Länner, déi d‘Ukrain am stäerksten am russeschen Agressiounskrich ënnerstëtzen. Hie wéilt hinnen dofir Merci soen, sou de Selenskyj op Telegram.