Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietsextreeme rumänesche Presidentschaftskandidat bei Walen ausgeschloss

Presidentewalen a Rumänien

Rietsextreeme rumänesche Presidentschaftskandidat bei Walen ausgeschloss

De 4. Mee soll a Rumänien en neie President gewielt ginn. Am zweeten Ulaf, spéitstens 14 Deeg drop, no engem warscheinleche Ballottage, misst da feststoen, ween neie Staatschef gëtt. Net méi a Fro dofir kënnt de  Călin Georgescu, deen Enn November zejoert bei engem éischte Vott komplett iwwerraschend déi meescht Stëmme kritt hat. 

auto_stories

2 min

headphones

5 min

play_arrow

D’Verfassungsgeriicht huet d’Wal duerno annuléiert: Si wier duerch eng massiv Amëschung vu Russland verfälscht ginn, sou d’Begrënnung, nëmmen dowéinst hätt dee bis dohi komplett onbekannte rietsextreme Kandidat dee staarke Score kënne maachen.

Verfassungsgeriicht confirméiert Decisioun 

U sech wollt de  Călin Georgescu  trotzdeem de 4. Mee nees eemol untrieden, mee d’Walkommissioun huet seng Kandidatur e Sonndeg refuséiert. Zu Recht, fënnt de Cristian Preda, Politikwëssenschaftler vun der Uni Bukarest, deen tëscht 2009 an 2019 och als EVP-Deputéierten am Europaparlament souz. 

D’Verfassungsgeriicht d’Decisioun vun der Walkommissioun um Dënschdeg och confirméiert.

De  Călin Georgescu  huet de Refus vu senger Kandidatur virum Verfassungsgeriicht kontestéiert. D’Verfassungsgeriicht huet d’Decisioun vun der Walkommissioun um Dënschdeg awer confirméiert.

Proteststëmmen oder awer Beléiftheet?

De Cristian Preda fënnt et also falsch ze ënnerstellen, datt et hei nëmmen drëm gaange wier ee Kandidat, dee stéiert, ze eliminéieren. 

“Hien befënnt sech am direkte Kampf géint d’Reegele vun der Demokratie.”  

De Cristian Preda mengt, datt d’Leit schonn an der éischter Ronn dem Călin Georgescu just eng Stëmm aus Protest ginn hätten.

Hien awer géif d’Iddi verkafen, datt hien dee Beléiftsten ass an datt een hie géif probéieren ze verhënneren, well hie stéiert, sou nach de Cristian Preda. 

Där Aschätzung hunn d’Sondagen an der Lescht zwar widdersprach: Do louch de Calin Georgescu rezent souguer un der Spëtzt vun de Walintentiounen. 

Lauschterenplay_arrow