Et wier elo scho besser wéi virun e puer Wochen, seet de Xavier Bettel. "Also am Moment ass e Waffestëllstand do, en ass fragil, mee am Moment ass en nach do", sou de Lëtzebuerger Ausseminister.
Als Ausseminister vu Lëtzebuerg wier et seng Aufgab nozelauschteren a Messagë weiderzeginn. De Virdeel vu Lëtzebuerg wier, datt ee vu kenger Partei als Feind géif ugesi ginn.
"Ganz oft si Länner, wou een da pro Palästina oder pro Israel sinn. Mir si pro Fridden. Mir si pro Fridden."
Lëtzebuerg wëllt objektiv sinn
Den Ausseminister ass der Meenung, datt et wichteg wier net ze soen, datt ee fir deen een oder fir deen aneren ass. Et wéilt een net neutral mee objektiv sinn.
Datt Israel elo d'Stroumversuergung an der Gazasträif gekappt huet, wier en Zeechen, datt si Drock op d'Hamas wéilte maachen.
"Mee et ass wéi ëmmer. Et ass net den Hamas, deen drënner leit, et sinn d'Leit."
Xavier Bettel: "D'Hamas ass net d'Léisung"
De Xavier Bettel betount, hien hätt dem israeelesche Minister gesot, datt déi israeelesch Regierung d'Verantwortung dofir missten droen.
Et schéngt wéi wann an der Gazasträif d'Ënnerstëtzung fir d'Hamas géif erofgoen, heescht et weider. D'Hamas wier net d'Léisung fir de Probleem, seet de Xavier Bettel.