search

/ Selenskyj eng 10. Kéier zënter dem Krichsufank op Visitt beim Macron

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Selenskyj eng 10. Kéier zënter dem Krichsufank op Visitt beim Macron

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass haut um Méindeg op Besuch zu Paräis bei sengem franséischen Homolog, dem Emmanuel Macron. Déi zwee wäerte sech iwwer de Friddensplang a Sécherheetsgarantië fir d'Ukrain ënnerhalen. Iwwerdeems diskutéiert Frankräich säi Verteidegungsbudget. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/TERESA SUAREZ / POOL
(Foto: EPA/TERESA SUAREZ / POOL)

Eng zéngte Kéier zënter dem Ufank vum Krich ass de Wolodymyr Selenskyj op Besuch a Frankräich. Mam Emmanuel Macron wäert hie sech iwwer d’Konditioune fir en nohaltegen a gerechte Friddensplang ënnerhalen, quasi zäitgläich zu de Gespréicher, déi an den USA tëschent den amerikaneschen an ukraineschen Delegatioune lafen.

Net just d'Ukrain brauch eng staark Arméi

Och d’Sécherheetsgarantië vun der sougenannte Koalitioun vun de Wëllege stinn haut um Méindeg op der Agenda vum Selenskyj a Macron. Béid Staatscheffe wäerten de Moien och eng gemeinsam Pressekonferenz ginn. 

Fir d’Ukrain ze ënnerstëtze brauch Frankräich selwer eng staark Arméi a Verteidegung. Dofir sollen haut de Premier Sébastien Lecornu an d’Arméisministerin Catherine Vautrin mat Parlamentarier fir Gespréicher zesummekommen, mellt BFMTV.

Dronen a Loftofwier solle verstäerkt ginn

Den 10. Dezember wäert an der Assemblée nationale iwwer d’Hausse vum Militärbudget debattéiert an ofgestëmmt ginn. Et ass virgesinn, datt 2026 bal 7 Milliarden Euro méi an d’Arméi fléissen. Dofir awer muss de Budget virum 31. Dezember duerch d’Parlament kommen, soss gräift ee Spezialgesetz, dat keng Investissementer an dëser Gréisstenuerdnung erlaabt.

De Fokus beim Budget läit op Dronen, Loftofwier oder och nach de Geheimdéngscht.

Leschten Donneschdeg hat den Emmanuel Macron och en neien, fräiwëllege Militärdéngscht fir Jonker presentéiert. Eleng dëse wäert iwwer 2 Milliarden Euro kaschten.

play_arrow Lauschteren