Éischt franséisch Zaldoten si schonn a Grönland fir mat aneren europäesche Partner en Übungsmanöver ze preparéieren, esou den Emmanuel Macron.
An den nächsten Deeg scho sollen si nach iwwer Loft, Land a Mier Ënnerstëtzung kréien.
Europa hätt eng ganz besonnesch Responsabilitéit géigeniwwer Grönland, well d‘Insel zu Europa gehéiert, esou de Macron. Ouni d’USA ze nennen huet hie virun engem neie Kolonialismus gewarnt.
Weider Sujeten Iran an Ukrain
De franséische President huet och d’Gewalt am Iran schaarf verurteelt.
Der Ukrain huet hie weiderhin déi voll Ënnerstëtzung zougeséchert.
Méi Sue fir d'Defense
Hie wéilt, datt Frankräich méi Waffe géing produzéieren.
Och fuerdert de President 36 Milliarden Euro zousätzlech fir de franséischen Arméibudget bis 2030. Schonn dëst Joer sollen zousätzlech 3,5 Milliarden an d’Verteidegung fléissen.