Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Selenskyj an Trump schwätzen de Freideg zu Washington iwwer Accord fir Terres rares

Kompensatioun fir d'Verteidegungshëllef

Selenskyj an Trump schwätzen de Freideg zu Washington iwwer Accord fir Terres rares

Zënter Woche gëtt iwwer den Accord fir sougenannten Terres rares gestridden. De Selenskyj soll en Accord ënnerschreiwen, esou den Trump, Detailer iwwer dat, wat ofgemaach ass, ginn et keng.

auto_stories

1 min

Selenskyj Trump | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Selenskyj Trump (Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

D'USA fuerderen déi ugeschwaten ukrainesch Matière-premièren als Kompensatioun fir d'Verteidegungshëllef, déi si der Ukrain an de leschten dräi Joer am Krich mat Russland ginn hunn.

Net nëmmen d'Ukrain mee och europäesch Länner soe sech indignéiert, datt den Trump d'Krichsnout vum Land ausnotze wëllt fir e lukrativen Deal.

Déi europäesch Staats- a Regierungscheffe beschäftege sech haut um Mëttwoch an enger Videokonferenz mat der Ukrain. De franséische President Emmanuel Macron wëllt an deem Kontext vu senger rezenter Entrevue mam Donald Trump erzielen.