Radioen

On air

Sot Emol  |  Ingrid Schwarz: Modernt Jodelen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sécurité routière plädéiert fir Tempolimitt 30 an den Uertschaften

Reaktioun op den neitste Bilan

Sécurité routière plädéiert fir Tempolimitt 30 an den Uertschaften

Am neitste Bilan vun de Verkéiersaccidenter geet ervir, datt d'Zuel vun den Doudesaffer nees erofgaangen ass. Et fält awer op, datt ëmmer méi Cyclisten a Foussgänger ënnert de Schwéierblesséierte sinn. D'Sécurité routière huet dowéinst eng kloer Fuerderung.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Tempo 30 | © picture alliance / dpa | Matthias Balk play_arrow
Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk

Mat 26 Doudesaffer am Stroosseverkéier huet Lëtzebuerg d'lescht Joer also eng däitlech Baisse vu ronn 31 Prozent notéiert. Eng Zuel, déi zënter Joren erof geet. Mee op der anerer Säit ass awer d'Zuel vun de Schwéierblesséierten am nämmlechten Zäitraum ëm 35 Prozent geklommen. Haaptursaach ass d'Vitesse an iwwerproportionnel betraff sinn d'Cyclisten a Foussgänger.

An den Uertschafte misst d'Vitesslimitatioun dofir onbedéngt erofgesat ginn, sou d'Fuerderung vum Paul Hammelmann vun der Sécurité routière.

"Dat ass och dat wat eis schockéiert, datt och bei deene sougenannte schwaache Verkehrsteilnehmer d'Zuelen absolut erschreckend sinn, ebe just well déi Leit dann net vun deene verbesserte Sécherheetssystemer profitéieren, wéi déi aner dat eben am Auto hunn."

Lauschterenplay_arrow

Dofir géing d'Securité routière op eng Vitesselimitatioun vun 30 km/h an der Uertschaft plädéieren, esou de Paul Hammelmann.

Datt dat ganzt géif funktionéiere géife Beispiller wéi Spuenien oder Paräis weisen, wou de System schonn zënter méi laangem ëmgesat gëtt.

Aktualitéit