Radioen

On air

Spektrum  |  Marcus King - Hero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sech vum onqualifizéierte Mindestloun eropschaffen ass schwéier

Nei Etüd

Sech vum onqualifizéierte Mindestloun eropschaffen ass schwéier

Bal 8 Prozent vun de Salariéen zu Lëtzebuerg verdéngen den onqualifizéierte Mindestloun. Dat entsprécht ronn 38.000 Leit, déi eppes méi wéi 2.500 Euro am Mount verdéngen. Aus enger rezenter Etüd vun der Salariatskammer geet elo ervir, datt ee Véirel vun deene Leit no 10 Joer nach ëmmer net méi verdéngen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Salariatskammer huet 22.500 Leit wärend 10 Joer suivéiert a gekuckt, wéi hir Pai evoluéiert. No engem Joer waren nach ëmmer méi wéi d’Hallschent vun de Leit aus der Etüd am Mindestloun. No 5 Joer waren et nach ëmmer ronn ee Fënneftel.

No 10 Joer sinn et nach ëmmer 13 Prozent vun de Leit, deenen hir Pai net erop gaangen ass. Tëscht 5 an 10 Joer bleift déi Zuel deemno relativ stabel. Et geet also ervir: Entweder d’Leit verdéngen no 5 Joer méi wéi de Mindestloun, oder d’Warscheinlechkeet, datt si iergendwann méi bezuelt ginn, ass geréng.

Bei just 12 Prozent huet sech d'Pai verduebelt

Bei deene Leit, déi iergendwann méi wéi de Mindestloun verdéngen, ginn et Ënnerscheeder. Een Drëttel verdéngt maximal 120 Prozent vum onqualifizéierte Mindestloun, deemno eppes ëm déi 3.000 Euro maximal amplaz 2.500 Euro. Just fir 12 Prozent vun de Leit, déi de Mindestloun verdéngen, huet d’Pai sech bannent 10 Joer verduebelt, a läit domat ëm 5.000 Euro de Mount.

Wärend all deene Joren ass d’Zuel vu Leit, déi net méi zu Lëtzebuerg schaffen, geklomm. Bal d’Hallschent vun de Leit, déi de Mindestloun am Joer 2011 bezuelt kruten, ass net méi um Lëtzebuerger Marché present.

D’Salariatskammer stellt an hirer Etüd d’Fro, op déi Leit den Aarbechtsmarché verloossen, ebe grad well hinnen d’Perspektiv feelt, iergendwann méi ze verdéngen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft