Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg klëmmt

STATEC

Den Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg klëmmt

Wéi de STATEC an enger neier Etüd ausgerechent huet ass den Taux vum Aarmutsrisiko d‘lescht Joer op 19 Prozent geklommen. Am meeschten exposéiert wiere Kanner ënner 18 Joer a Monoparentallen.

auto_stories

1 min

Bei där Etüd, an där de STATEC d‘Revenuen an d‘Liewenskonditioune vun de Stéit ënnert d‘Lupp geholl huet, gëtt eng Verschlechterung vun der ekonomescher a finanzieller Situatioun vun de Menagen hei am Land festgestallt.

Trotz méi héije Revenuen an den Indextranchen ass den Aarmutsrisiko-Taux ëm 1,5 Punkte geklommen. Am meeschten exposéiert si Kanner ënner 18 Joer a Monoparentallen.

Ee Kand vu 4 wier an Tëschenzäit dem Aarmutsrisiko ausgesat. Dat sinn iwwer 30.000 Kanner zu Lëtzebuerg, sou de STATEC.