Radioen

On air

De Moien  |  James Brown - The Boss

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D’Inflatioun an der Eurozon ass dëse Mount erëm ugezunn

E Plus vun 2,6 Prozent

D’Inflatioun an der Eurozon ass dëse Mount erëm ugezunn

Den Taux ass méi staark wéi erwaart, op 2,6 Prozent op ee Joer geklommen. Dat huet Eurostat de Moie matgedeelt.

auto_stories

1 min

Inflatioun Illustratioun | © picture alliance / Fotostand | Fotostand / K. Schmitt
Foto: picture alliance / Fotostand | Fotostand / K. Schmitt

Am Abrëll hat d’Inflatioun stagnéiert, nodeem si an de Méint virdrun zeréck gaange war. Déi Europäesch Zentralbank hat d’Zënstauxen däitlech erop gesat, fir eppes géint d’Inflatioun z’ënnerhuelen.

Elo gëtt mat enger éischter Zënsreduktioun gerechent. Et kéint sinn, datt d’EZB schonn d’nächst Woch an déi Richtung aktiv gëtt.