Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL fuerdert Kloerheet iwwert d'Zukunft vum ING-Personal

Bréif un d'Direktioun

OGBL fuerdert Kloerheet iwwert d'Zukunft vum ING-Personal

No der Bank ING hirer Annonce, Dausende Konte vu private Clienten zouzemaachen, fuerdert den OGBL Kloerheet vun der Direktioun iwwert d‘Zukunft vun der Bank hire Salariéen.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Artur Widak

Et géif vill Onsécherheet bei den ING Salariéen zu Lëtzebuerg ginn, schreift den OGBL an engem Communiqué. 

D‘Gewerkschaft hätt dowéinst der Direktioun e Bréif geschéckt, an der Personaldelegatioun eng Kopie dovun, fir Erklärungen an och Garantien ze froen iwwert déi eventuell Repercussioune vun de Konte-Clôturen op d‘Personal.