Radioen

On air

Spektrum  |  Antoine Bourachot - Traveling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Duerchschnëtts-Salaire zu Lëtzebuerg läit bei 76.000 Euro Brutto d'Joer

STATEC

Duerchschnëtts-Salaire zu Lëtzebuerg läit bei 76.000 Euro Brutto d'Joer

Zu Lëtzebuerg verdéngt ee Salarié am Duerchschnëtt bal 76.000 Euro Brutto d‘Joer. Dodran abegraff sinn och all Primmen, wéi zum Beispill den 13. Mount oder Iwwerstonnen. D‘Hallschent vun de Salariéë verdéngen awer manner wéi 58.126 Euro.

auto_stories

1 min

Dës Zuele ginn aus der neier Etüd vum Statec iwwert d‘Salairesstruktur ervir.

Direkteren a Kadere verdéngen an der Moyenne 158.242 Euro d‘Joer. Aner elementar Beruffer knapp iwwer 40.000 Euro.

Leit mat engem Master oder méi verdéngen an der Moyenne bal 116.000 Euro, woubäi Leit mat Primaire oder engem Secondaire, deen net fäerdeg ass, 43.770 Euro pro Joer an der Moyenne verdéngen.

Grouss Ënnerscheeder pro Secteur

E groussen Ënnerscheed gëtt et och tëscht dem Finanzsecteur, wou den Duerchschnëttssalaire bei ronn 113.000 Euro läit. Am Horeca-Secteur kommen d‘Salairë mol net op d‘Hallschent dovun, mat ronn 40.500 Euro. 

Lëtzebuerger verdéngen och an der Moyenne méi wéi auslännesch Residenten a méi wéi Frontalieren.