Radioen

On air

Moiesstudio  |  The Jam - That's Entertainment

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An Tschechie gëtt Staatstrauer ausgeruff

No Amoklaf zu Prag

An Tschechie gëtt Staatstrauer ausgeruff

An Tschechie gouf fir muer eng Staatstrauer ausgeruff, nom Amoklaf op der Prager Karls Universitéit. E 24 Joer ale Student hat gëschter am Haaptgebai vun der Philosophescher Fakultéit 14 Mënschen erschoss, éier hien sech selwer ëmbruecht huet.

auto_stories

1 min

Ënnert den Doudesaffer si keng Auslänner, anescht wéi viregt gemellt. Ma ënnert de 25 zum Deel schwéier Blesséierte sinn zwee Mënschen aus den Arabeschen Emirater an een hollännesche Staatsbierger. D‘Police sicht nach ëmmer no engem méigleche Motiv. Virum Amoklaf hat de Mann och scho säi Papp dout gemaach.