arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schauspiller vu "Linda Linda!" ass dout

Kultur

|
headphones

1 min

Schauspiller vu "Linda Linda!" ass dout

De Lëtzebuerger Schauspiller an TV Produzent Leo Folschette ass en Dënschdeg am Alter vu 67 Joer no enger laanger Kriibserkrankung gestuerwen. Dat hu seng dräi Meedercher op Facebook matgedeelt.

headphones

1 min

Symbolfoto | © Bigstock
Symbolfoto (Foto: Bigstock )

De Leo Folschette huet ënner anerem an de Filmer "Gutland", "Little Duke" a "Linda, Linda!" matgespillt. "Linda, Linda!" krut dëst Joer de Lëtzebuerger Filmpräis fir dee beschte Kuerzfilm.

De Leo Folschette war och matresponsabel fir déi privat Tëlees-Chaîne Dok an hien huet lokal Tëleeë fir Gemenge produzéiert, ënner anerem fir Mamer a Steesel.