arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel um ESC dobäi: Déi Lénk kritiséiere Lëtzebuerger Participatioun

Eurovision Song Contest

|
headphones

1 min

Israel um ESC dobäi: Déi Lénk kritiséiere Lëtzebuerger Participatioun

An engem oppene Bréif kritiséieren déi Lénk d‘Direktioune vum RTL a vum Radio 100,7 fir weiderhin um ESC deelzehuelen. Dat obwuel Israel och beim Museksconcours 2026 zu Wien matmécht. 

headphones

1 min

Et géif Déi Lénk net drëms goen, den ESC fir ëmmer ze boykottéieren. Et géif dorëm goen, net u Veranstaltungen deelzehuelen, bei deene Länner matmaachen, déi e Genozid géife begoen, schreift d‘Partei.

Virun enger Woch gouf decidéiert, datt Israel um Eurovision Song Contest däerf deelhuelen. Déi ëffentlech-rechtlech Medienhaiser hu fir nei Reegele gestëmmt, déi fir méi Transparenz a fir politesch Neutralitéit solle suergen.

An engem geheime Vott hunn déi meescht EBU-Memberen dofir gestëmmt, mat den neie Mesuren zefridden ze sinn, dorënner och d‘Lëtzebuerger EBU-Memberen CLT-UFA an de Média de service public 100,7.

Spuenien, Holland, Irland a Slowenien haten direkt annoncéiert, hire Boykott-Droungen nozekommen.