arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 4 EU-Traitéen op Lëtzebuergesch iwwersat - Offiziell EU-Sprooch gëtt et awer net

Europäesch Unioun

|
headphones

2 min

4 EU-Traitéen op Lëtzebuergesch iwwersat - Offiziell EU-Sprooch gëtt et awer net

De Kulturminister huet haut um Dënschdeg an der Chamber annoncéiert, datt déi 4 Haapt-EU-Traitéen op Lëtzebuergesch iwwersat goufen. Offiziell EU-Sprooch soll dat Lëtzebuergescht awer och an Zukunft net ginn. Vill méi wéilt een d'Sprooch "sënnvoll" stäerken, esou den Eric Thill.

headphones

2 min

© Union européenne
(Foto: Union européenne)

Déi Traitéen, déi iwersat gi sinn, sinn d'Charte vun de Grondrechter vun der Europäescher Unioun, den Traité iwwer d'Grënnung vum Euroatom, den Traité iwwer de Fonctionnement vun der EU an och den Traité iwwer d'EU am Allgemengen.

Keng simultan Iwwersetzung vu Rieden

Den Eric Thill huet awer och kloergestallt, datt d’Lëtzebuerger Regierung net Wëlles hätt, d'Lëtzebuerger Sprooch als offiziell EU-Sprooch unerkennen ze loossen.

An deem Sënn wäerten och d'Texter net op Lëtzebuergesch iwwersat ginn. An et géif een och keng simultan Iwwersetzung vun de Rieden ufroen.

Dat ass eppes, wat den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser gefuerdert hat.

Sprooch op eng "sënnvoll Aart a Weis" stäerken

D’Valoriséierung vun der Lëtzebuerger Sprooch géif awer op aner Niveaue geschéien, esou de Kulturminister Eric Thill.

"Op eis Lëtzebuerger Sprooch an op eis Méisproochegkeet solle mir houfreg sinn. Well et bleift e Virdeel, e groussen Atout. An dofir wäerte mir och an Zukunft mat de Kolleegen um europäeschen Niveau kucken, fir eng sënnvoll Aart a Weis ze fannen, fir d'Lëtzebuerger Sprooch och um europäeschen Niveau ze stäerken."

play_arrow Den Eric Thill

Dës Iwwersetzunge géingen der Lëtzebuerger Regierung nei Dieren opmaachen, fir mat den europäeschen Institutioune kënne weider Gespréicher iwwer de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch ze féieren, an esou déi Lëtzebuerger Sprooch op eng sënnvoll Aart a Weis och um europäeschen Niveau stäerken, seet den Eric Thill.