arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg huet ee vun den héchsten Inflatiounstauxen am europäesche Verglach

Eurostat

|
reading time

1 min

Lëtzebuerg huet ee vun den héchsten Inflatiounstauxen am europäesche Verglach

Den Inflatiounstaux zu Lëtzebuerg loung am Abrëll bei 5,2 Prozent. D'Moyenne an der ganzer Eurozone loung bei 3 Prozent, an der EU loung den Taux leschte Mount bei 3,2 Prozent.

reading time

1 min

Inflatioun | © Adobe Stock / gopixa
Inflatioun (Foto: Adobe Stock / gopixa)

Just Rumänien, Bulgarien a Kroatien hu méi een héijen Inflatiounstaux wéi Lëtzebuerg. Och schonn am Mäerz war de Grand-Duché bei deene Länner, déi den héchsten Taux haten. 

D'Nopeschlänner Frankräich an Däitschland gehéieren zu den 10 Länner, an deenen den Inflatiounstaux am mannste geklommen ass. D'Belsch läit iwwerdeems just dräi Plazen hanner Lëtzebuerg. 

Den Haaptgrond fir déi héich Inflatioun zu Lëtzebuerg wieren d'Energiepräisser, esou Eurostat. Déi si wéinst den US-israeelesche Krich am Noen Oste staark geklommen.