D'Organisatioun "Sauvons Bambi" huet sech zum Zil gesat, déi jonk Réi viru Méiaarbechte mat Hëllef vun Dronen ze fannen a se dann ze retten. De Jacques Schroeder ass Deel vun dëser Organisatioun an erkläert, datt bei de Rettungsaktioune vu klenge Réi och Risike bestinn.
“La difficulté c’est le repérage des animaux. C’est d’ailleurs que nous utilisons pas n'importe quels drones, nous avons des drones équipés par des caméras thermiques. Ce qui nous permet de détecter la différence thermique de l’animal avec son environnement. C’est pour ça que nous nous levons très tot du matin parce que l’animal présente une température plus élevée que son environnement.”
De gréisste Risiko wier et awer, d’Déier net ze fannen, betount de Jaques Schroeder. Weider wier et wichteg, sech richteg un dat wëllt d’Déier ze approchéieren a virun allem bei neigebuerene Réi, keng friem Gerécher op d’Déier ze iwwerdroen, well soss de Risiko besteet, datt et vu senger Mamm net méi opgeholl gëtt. Dofir réit hien de Leit och, net einfach sou selwer ze probéieren, jonk Réi ze retten oder unzepaken. Meeschtens wier d'Mamm net wäit ewech.