Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - I'm Thinking Of A Number (Between 1 And 2)

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Sans-abrisme an der Stad: Situatioun verschlëmmert sech

"Solidaritéit mat Heescherten"

Sans-abrisme an der Stad: Situatioun verschlëmmert sech

D‘Sozialaarbechter:innen aus der Stad schloen Alarm, well ëmmer méi Leit op der Strooss liewen an hir Konditiounen ëmmer méi schlecht ginn. Fir anonym ze bleiwen, hunn si d‘ONG „Solidaritéit mat den Heescherten“ gefrot, fir hire Communiqué ze publizéieren. Aus Angscht zenséiert ze ginn.

auto_stories

3 min

© picture alliance / Winfried Rothermel | Winfried Rothermel

Et géif ee ganz staarke Manktem u Foyere ginn, déi d’Leit d’Urgence kënnen ophuelen. Déi Analys deelt och de Guy Foetz, Member vun déi Lénk a vun der Organisatioun “Solidaritéit mat den Heescherten”: 

D’Urgence ass, wann haut eppes geschitt da muss ech MUER déi Leit iergendwou ënnerbréngen.“

Aktuell leien d’Waardezäite fir an eng Noutstruktur eran ze kommen tëscht dräi Méint an engem Joer, mengen d’Sozialaarbechter:innen. Si froen an hirem Communiqué op een an deem Fall nach vun Noutstruktur schwätze kéint.

Et brauch méi wéi ee Schlofsak an eng Zopp

Et géife jo duerchaus scho Strukture ginn, ënnersträicht och de Guy Foetz. Mee fir d’Sozialaarbechter stellt sech an hirem Communiqué d’Fro, vu wat genee d’Leit profitéieren, ausser beispillsweis engem Schlofsak, an enger waarmer Zopp. Dem Guy Foetz no ginn och aner Saache gebraucht. 

Präzis Statistiken ze hunn, nidderschwelleg Strukturen ze hunn, um Niveau vum Logement, um Niveau vun der Aarbecht, um Niveau vum soziale Liewen, um Niveau vun der Medezinescher Versuergung.“

An all dat misst och an de Gesetzer verankert ginn. Beispillsweis bréicht ee momentan eng Adress fir de Revis ze kréien. Wat et deemno engem Mënsch ouni Doheem onméiglech mécht, op déi sozial Netzer zu Lëtzebuerg zréck ze gräifen.

Ëmmer nees heescht et vu Säiten der Politik, datt méi Offer och méi Leit géif unzéien – dat Argument géif net ziele well d’Demande wier scho laang do, heescht et am Communiqué vun de Sozialaarbechter.

Corinne Cahen: Kann een net all Problemer an engem Dag léisen

De Problem géif strukturell ugepaakt ginn – mengt déi Stater Sozialschäffin, Corinne Cahen. Si weist Versteesdemech fir de Communiqué vun de Sozialaarbechter. De Reproche vun de Sozialaarbechter, datt déi, déi um Terrain schaffen, net genuch géife gehéiert ginn, erkläert sech d’Corinne Cahen domat, datt déi Leit um Terrain warscheinlech frustréiert sinn, wa si net direkt hëllefe kennen, esou d’DP-Schäffin: 

"Ech sinn am Fong frou ze héiere wou d’Problemer sinn, mee ech engem et muss ee sech awer bewosst sinn, dass een d’Problemer net alleguerten an engem Dag direkt ka geléist kréien."

Et wier een amgaang un enger Struktur fir psychesch Krank Obdachloser ze schaffen an et géif deemnächst eng Struktur fir toxikoman Fraen opmaachen. An dem Sënn géif een der Nofro vum Terrain nokommen, fënnt d‘Corinne Cahen.

Si wier scho bal frou doriwwer, datt d’Sozialaarbechter Alarm schloen, da géife vläicht och aner Gemenge wéi d’Stat Lëtzebuerg sech dem Problem unhuelen, hofft d’DP-Schäffen.

 

 

 

 

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft