Radioen

On air

9 bis 1  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sacharow-Präis geet un zwee venezuelanesch Oppositiounsleaderen

Europaparlament

Sacharow-Präis geet un zwee venezuelanesch Oppositiounsleaderen

De Sacharow-Präis vum Europaparlament geet un déi zwee venezuelanesch Oppositiounsleadere María Corina Machado an Edmundo González Urrutia. Si sinn d‘Gesiichter vum Protest géint den autoritäre President Maduro.

auto_stories

1 min

Wochelaang si Mënschen am Venezuela op d‘Strooss gaange fir géint den autoritäre Regimm a fir Gerechtegkeet, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet ze manifestéieren. Déi 56 Joer al Machado huet net dierfte bei de Presidentschaftswalen am Juli untrieden. De González ass als Oppositiounskandidat ugetrueden, gouf duerno awer verfollegt a lieft elo a Spuenien, wou hie politeschen Asyl kritt huet. 

De Sacharow-Präis gëtt zënter 1988 vum EU-Parlament u Perséinlechkeeten oder Organisatioune verginn, déi sech fir Mënscherechter a Meenungsfräiheet asetzen.