Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walen a Georgien: Drock a Bestiechung am Walbüro

USA an EU fuerderen onofhängeg Enquête

Walen a Georgien: Drock a Bestiechung am Walbüro

No de Parlamentswale virgëschter um Samschdeg a Georgie fuerderen d'EU an d'USA eng onofhängeg Enquête iwwer méigleche Walbedruch. Am 100,7-Interview huet d'Liz Braz, déi als onofhängeg Observatrice zu Tiflis war, hir Andréck verzielt.

auto_stories

3 min

headphones

7 min

© picture alliance/dpa | Katharina Schröder play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Katharina Schröder

D'Walkommissioun huet déi pro-russesch Regierungspartei Georgeschen Dram als Walgewënner deklaréiert, mat 54 Prozent vun de Stëmmen. Déi pro-europäesch Oppositiounsallianz an d'Presidentin Salome Surabischwili erkennen dat Resultat net un.

D'Presidentin huet fir haut zu engem Masseprotest virum Parlament zu Tiflis opgeruff. Si huet Russland fir eng Fälschung vun der Wal responsabel gemaach, ouni Detailer ze nennen. De georgesche Premier Irakli Kobachidse weist d'Virwërf zeréck.

Viktor Orbán huet scho gratuléiert

Och déi auslännesch Walobservateure bezweiwelen d'Resultat. Si schwätze vun Drock op Wielerinnen a Wieler an Onreegelméissegkeeten. Den EU-Conseilspresident Charles Michel huet eng onofhängeg Enquête gefuerdert. Dogéint huet den ungaresche Premier Viktor Orbán, deem säi Land den Ament d'EU-Presidence huet, der Regierungspartei fir hir Victoire gratuléiert. De Viktor Orbán gëtt haut fir eng Visitt a Georgien erwaart.

D'EU huet d'Bäitrëttskandidatur vu Georgie suspendéiert, nodeems d'Regierung autoritär Gesetzer decidéiert huet, déi ënner anerem Medien an ONGe viséieren.

D'Siicht vun enger Observatrice

500 auslännesch Observateuren hunn d'Walen a Georgie beopsiichtegt. Och eng Rei Lëtzebuerger Deputéiert waren dobäi. Ënner hinnen d'Liz Braz vun der LSAP. Hir wiere keng gréisser Onreegelméissegkeeten opgefall an zitt een éischter positive Bilan vun deene Walbüroen, déi si gesinn hätt. Et misst een awer betounen, datt dat Büroen am Zentrum vun Tiflis waren, esou d'Liz Braz.

Liz Braz | © Chris Zeien
D'Liz Braz war als Observatrice a Georgien. (Foto: Chris Zeien)

Anescht wier d'Bild an de méi rurale Géigende gewiescht. Aner Observateuren hätten do vun anere Konditioune geschwat. Esou hätten zum Beispill just eng 10 Meter virun de Büroe Leit gestanen, déi d'Wieler:innen ofgefaangen hunn, fir hinnen nach eng Kéier Drock ze maachen. Och soll déi prorussesch Regierungspartei de Leit eng Belounung an Aussicht gestallt hunn, wa si hire Walziedel géife fotograféieren, als Beweis, d'Regierungspartei gewielt ze hunn. 

Bestiechung mat engem Sak Gromperen

Eng Observateursekipp huet souguer vun engem Bestiechungsversuch geschwat: De President vun engem Walbüro hätt solle mat engem Sak Grompere bestach ginn.

Mee och an den urbane Büroen ass net alles perfekt gelaf, esou d'Liz Braz. Esou waren an all Büro Kameraen installéiert ginn. Dës Mesür gouf am Virfeld vun de Wale vun der Regierung legaliséiert. An obwuel dës Kamerae just hunn dierfen d'Féiss vun de Leit oder d'Urne filmen, ware se deelweis esou no installéiert ginn, datt ee souguer d'Carte-d’identitée vun de Wieler:inne gesi konnt.

Mee och d'Walcampagne am Virfeld wier scho problematesch gewiescht, erkläert d'LSAP-Deputéiert. De Finanzement fir d'Oppositioun wier gestrach ginn, an d'Press hätt net fräi iwwer d'Wale kënne berichten.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
International