No engem Joer mat véier verschiddene Premiere wënscht sech den Emmanuel Macron fir 2025 virun allem politesch Stabilitéit a Kompromëssbereetschaft. Dat huet de President a senger Usprooch op Silvesterowend op France 2 kloergestallt.
Schonn a knapp zwou Wochen, de 14. Januar, wäert den neie Premier François Bayrou seng Regierungserklärung an der Assemblée Nationale presentéieren a probéieren, déi aner Parteie vu senge Projeten ze iwwerzeegen. Ouni absolut Majoritéit ass de Bayrou op hir Stëmmen ugewisen.
Déi lescht Regierung hat e Mësstrauensvott wéinst dem Budget net iwwerstanen. Déi nei wëllt et elo besser maachen a wäert wuel Mëtt Februar hire Budget presentéieren.
RN hofft op nei Walen
Wéinst dem politesche Chaos 2024 ware vill grouss Dossieren op Äis geluecht ginn, dorënner d'Stierfhëllef an eng eventuell Immigratiounsreform. A senger Usproch huet den Emmanuel Macron uklénge gelooss, datt et dëst Joer zu e puer Referende kéint kommen.
Beim rietsextreemen RN hofft een, datt d'Presidentielle wéinst dem Chaos net eréischt 2027, mee schonn dëst Joer ofgehale gëtt. Och well hir Kandidatin, d'Marine Le Pen, wéinst Verontreiung vun EU-Gelder fir d'Wale kéint gespaart ginn.
D'Urteel an dësem Prozess gëtt am Mäerz gesprach.
10 Joer no den Terrorattacken zu Paräis
2025 ass awer och e Gedenkjoer: 10 Joer sinn et hier, datt et zu Paräis zu grujelegen Terrorattacke koum, ënner anerem op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo an de Concertssall Bataclan.
12 Méint waarden also op Frankräich, déi sech net manner turbulent wéi déi lescht undeiten.