Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt europäesch Ausseminister op Visitt zu Damaskus

No Chute vum Assad-Regimm

Éischt europäesch Ausseminister op Visitt zu Damaskus

De franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot an déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock hu sech haut um Freideg mam neie syresche Regierungschef Ahmad al-Chareh am Presidentepalais zu Damaskus getraff. Et ass déi éischte Kéier zënter der Chute vum Assad-Regimm, datt EU-Ausseministeren a Syrie reesen.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Jörg Blank
Foto: picture alliance/dpa | Jörg Blank

Zil wier et, Propose fir eng nei a konstruktiv Relatioun tëscht Syrien an Europa ze maachen.

Iwwerdeems koum et am Norde vu Syrien zu schwéieren Attacken tëschent Kurden a protierkesche Milizen. Syreschen Autoritéiten no sinn dobäi op d‘mannst 28 Leit ëm d‘Liewe komm. Ausserdeem soll déi tierkesch Arméi eng Partie Dierfer schwéier beschoss hunn. D'Zuel un Attacke ka bis elo nach net onofhängeg confirméiert ginn.