Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuel vun irreguläre Migranten op de Kanare wiisst - Bal 10.000 Mënsche sollen am Atlantik ëmkomm sinn

48.000 irregulär Migranten am Joer 2024

Zuel vun irreguläre Migranten op de Kanare wiisst - Bal 10.000 Mënsche sollen am Atlantik ëmkomm sinn

Op de Kanare gouf zejoert e Rekord un Arrivéeë vu Migrante registréiert. Knapp 48.000 irregulär Migrante sinn 2024 um spueneschen Atlantik-Archipel ukomm, wat engem Zouwuess vu 17,4 Prozent par rapport zum Joer virdrun entsprécht. Domat representéieren d’Kanaren dräi Véierel vun allen irreguläre Migrantenarrivéen a Spuenien.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Pacific Press | Mercedes Menendez
Foto: picture alliance / Pacific Press | Mercedes Menendez

D’Rees iwwer d’Mier vu Westafrika op d’Kanare bleift eng vun de geféierlechste Fluchroutten. Der Organisatioun "Caminando Fronteras" no sinn d’lescht Joer bal 9.800 Mënschen dobäi gestuerwen. Eng Zuel, déi wäit iwwer de Schätzunge vun der UN-Organisatioun fir Migratioun läit.

De regionale Regierungschef Fernando Clavijo huet déi "onhaltbar Situatioun" op de Kanare kritiséiert a méi Ënnerstëtzung vu Madrid a Bréissel verlaangt. Besonnesch fir déi bal 6.000 mannerjärege Migranten, déi traumatiséiert an héich vulnerabel wieren.