Radioen

On air

Notturno  |  Josh Island - Exaggerator

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ëmmer méi Flüchtlingen huelen déi geféierlech Rees iwwer den Äermelkanal op sech

Iwwer 36.000 Leit am Joer 2024

Ëmmer méi Flüchtlingen huelen déi geféierlech Rees iwwer den Äermelkanal op sech

Déi nei brittesch Regierung ëm de Keir Starmer hat versprach, géint d'Passeure virzegoen, déi Flüchtlinge mat klenge Booter vu Frankräich a Groussbritannie bréngen. Mee nei Zuele weisen, datt 2024 rëm méi Leit den Trajet gemaach hunn. An nach ni si sou vill Leit dobäi gestuerwen. 

auto_stories

2 min

© Foto: Chris West Photo/Adobe Stock
E Schlauchboot mat deem Flüchtlingen den Ärmelkanal traverséiert hunn. (Foto: Chris West Photo/Adobe Stock)

Claire Barthelemy (London)

Méi wéi 36.000 Flüchtlingen hunn 2024 déi geféierlech Rees iwwert den Äermelkanal op sech geholl. Dat sinn der ronn 25 Prozent méi wéi d’Joer virdrun. Dobäi gouf et een traurege Rekord: Op d'mannst 77 Leit hunn d’Iwwerfaart net iwwerlieft, sou d’BBC.

All Dag kommen nei Booter un

Zënter Joren hu brittesch Premiere versprach, géint déi illegal Immigratioun virzegoen. Déi konservativ Regierung wollt Leit, déi mat Booter ukommen, a Flüchtlingszenteren an de Ruanda schécken. Mee dee Plang, deen ni op d’Bee komm ass, huet virun allem vill Sue kascht.

D'Vue op den Ärmelkanal. | © Claire Barthelemy
D'Vue op den Ärmelkanal. (Foto: Claire Barthelemy)

D’Regierung vum Keir Starmer wëll de Problem ugoen an deem ee sech op d’Passeure konzentréiert. Groussbritannie wëll méi enk mat Frankräich zesummeschaffen an och d’Kooperatioun mat Däitschland soll verbessert ginn, wou Schmuggler oft Lagerhale fir hiert d’Material benotzen. Mee nach ëmmer komme bal all Dag nei d’Booter un.

Iwwer 70 Enquêtë lafen den Ament

Dat ass sécherlech op aktuell Evenementer an der Welt zeréckzeféieren: Et sinn 120 Millioune Mënschen an der Welt vun hirem doheem verdriwwe ginn. 40 Milliounen dovu si Flüchtlingen ausserhalb vun hiren eegene Länner, sou den Direkter vun der ONG Care4Calais op Sky News. A sou laang dës Krise weiderginn, wäerten d’Leit weider gedriwwen duerch Angscht a Verzweiflung op Calais reesen, sot hien.

Ee Spriecher vum Inneministère sot, d’Regierung géif alles dru setze fir de Geschäftsmodell vun de Passeuren ze zerstéieren. D’National Crime Agency seet, et géife momentan 70 Enquêtë géint organiséiert Immigratioun a Mënschenhandel lafen.

Mee fir Labour sinn déi nei Zuelen natierlech keng gutt Noricht. Si riskéieren, Wieler:innen un d’Rietspopuliste vu Reform UK ze verléieren. An no 6 Méint um Pouvoir kënnen si geschwënn net mei der aler konservativer Regierung d’Schold gi fir déi illegal Migratioun am Äermelkanal. 

Lauschterenplay_arrow