Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel wëllt d'UNRWA als terroristesch Organisatioun astufen

Noen Osten

Israel wëllt d'UNRWA als terroristesch Organisatioun astufen

An Israel stëmmt d'Parlament haut um Méindeg iwwer zwee ëmstridde Gesetzesprojeten of, déi d'Aarbecht vum UN-Palästinenserhëllefswierk UNRWA staark sollen aschränken.

auto_stories

1 min

UNRWA | © Majdi Fathi / NurPhoto
Foto: Majdi Fathi / NurPhoto

Zil vun de Gesetzesprojeten ass et, d'UNRWA als terroristesch Organisatioun anzestufen an den israeeleschen Autoritéiten et ze verbidden, Kontakt mat der Organisatioun ze hunn. Den UNO-Generalsekretär huet António Guterres huet gewarnt, dat wier eng weider Katastroph fir déi humanitär Aarbecht an der Gazasträif.

Israel behaapt, datt Mataarbechter vum UN-Palästinenserhëllefswierk un den Attacke vun der Hamas de 7. Oktober zejoert an Israel bedeelegt gewiescht wieren.