Radioen

On air

9 bis 1  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg spent 4 Millioune fir humanitär Hëllef am Libanon

Op der internationaler Donateurskonferenz

Lëtzebuerg spent 4 Millioune fir humanitär Hëllef am Libanon

Déi finanziell Hëllef fir de Libanon huet den Ausseminister Xavier Bettel den Donneschdeg zu Paräis op der internationaler Hëllefskonferenz fir de Libanon annoncéiert.

auto_stories

1 min

Vun deene véier Millioune solle ronn 600.000 Euro un ONGe goen, déi am Libanon present sinn, ënner anerem un d‘Associatioune Care a Kinder in Not. Déi aner Sue géifen un Agencë goen, zum Beispill un de Fonds pour le Liban, mee och iwwer d‘UNWRA. Iwwer de Gesondheetsministère wéilt Lëtzebuerg iwwerdeems nach materiell Hëllef schécken.

De Libanon ass wéinst dem Krich tëscht der Schiitemiliz Hisbollah an Israel, tëscht d‘Fronte geroden. Besonnesch d‘Zivilpopulatioun leit ënnert de Bombardementer an de Kämpf. Frankräich huet 100 Milliounen Euro deblockéiert, Däitschland 96 Milliounen. Et ass och iwwert e Waffestëllstand am Libanon diskutéiert ginn – dozou weist sech den Ausseminister awer net optimistesch.

Et wéisst een net konkret, wat Israel wëlles hätt an et géif nëmme wéineg Länner ginn, déi nach Afloss op Israel hätten.

"An dofir ass et wichteg, datt mer op jiddwer Fall weisen, datt awer d'international Communautéit et net kal léisst."

Op der Konferenz koume ronn eng Milliard Euro zesummen. 800 Milliounen dovu si fir déi humanitär Hëllef an 200 Millioune fir d‘Arméi. D‘UNO hat en Appell gemaach, de Libanon an der aktueller Situatioun ze ënnerstëtzen, d‘UNO hat 400 Millioune vun där Konferenz erwaart. E Chiffer, deen also largement iwwerschratt gouf.