Radioen

On air

Tockcity  |  Hey, Nothing - Sick Dogs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Attacken a Libanon - Camion rennt an Israel an ee Grupp vu Leit

Noen Osten

Weider Attacken a Libanon - Camion rennt an Israel an ee Grupp vu Leit

Der libanesescher Presseagence no huet d’israeelesch Aviatioun hënt nees d’südlech Faubourge vun der Haaptstad Beirut ugegraff. Do wou d’Hisbollah-Milizen doheem sinn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Fadel Itani
Foto: picture alliance / NurPhoto | Fadel Itani

Kuerz virdrun hat d’israeelesch Arméi d’Awunner:inne vun zwee Quartieren do opgeruff, hir Haiser ze verloossen. Zanter engem décke Mount ass de Libanon jo am Viséier vun der israeelescher Arméi: Si wëll d’Hisbollah-Infrastrukturen do zerstéieren.

Camion rennt an e Grupp Leit an Israel

Zu Ramat Asharon, nërdlech vun der israeelescher Stad Tel Aviv, ass de Moien e Camion an e Grupp vu Leit gerannt: Dobäi wieren, éischten Nouvellen no vun der Plaz, vill Leit blesséiert ginn. Et geet vun enger 40 Verwonnte Rieds; d’Leit stounge bei engem Busarrêt ze waarden, wéi de Camion a si gerannt ass.

D’Enquêteure sinn amgaangen ze kucken, ob et sech dobäi ëm e geziilten Attentat vun engem Palästinenser handele kéint.

Fir den israelesche Verdeedegungsminister si Konzessiounen, déi wéi dinn, néideg, fir d’Geisele fräizekréien, déi nach an der Gazasträif festgehale ginn. Net all d’Ziler kéinten eenzeg an eleng duerch Militäroperatiounen erreecht ginn, sot de Yoav Gallant um Sonndegmoien