Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op d'mannst 90 Doudeger nom Tropestuerm "Trami" op de Philippinnen

5 Millioune Leit brauchen Hëllef

Op d'mannst 90 Doudeger nom Tropestuerm "Trami" op de Philippinnen

Op de Philippinnen ass d'Zuel vun den Doudesaffer vum Tropestuerm "Trami“ weider geklommen. D'Autoritéite mellen elo op d'mannst 90 Doudeger. Si warnen, d'Zuel vun den Affer kéint nach weider klammen.

auto_stories

1 min

Am schlëmmste betraff ass d'Haaptinsel Luzon, wou och d'Haaptstad Manila ass. De Stuerm huet staarke Ree mat sech bruecht, deen Iwwerschwemmungen an Äerdrutscher ausgeléist huet. Iwwer eng hallef Millioun Leit hunn hiert Doheem verluer. Fënnef Millioune Leit brauchen Hëllef.