Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Japan: Regierungskoalitioun verléiert hir Majoritéit

Virgezunne Walen

Japan: Regierungskoalitioun verléiert hir Majoritéit

A Japan huet d'Regierungskoalitioun hir parlamentaresch Majoritéit am Ënnerhaus verluer. Bei de virgezunne Parlamentswale gouf et staark Verloschter fir d'Liberaldemokrate vum Premier Shigeru Ishiba.

auto_stories

1 min

© Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Wéinst engem Finanzskandal war dat erwaart ginn. D'Liberaldemokraten an hire Juniorpartner Komeito hunn elo nëmmen nach 215 vun de 465 Sëtz am Parlament. Fir eng stabil Majoritéit ze kréie muss de Shigeru Ishiba elo nach aner Partner sichen. Seng Zäit als Premier kéint geschwënn eriwwer sinn.

D'Parlament muss bannen 30 Deeg zesummekomme fir en neie Premier ze wielen.