Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ STATEC: Armuttsrisiko-Taux ass liicht zeréckgaangen

Neie Rapport

STATEC: Armuttsrisiko-Taux ass liicht zeréckgaangen

Zejoert ass den Taux vum Armuttsrisiko liicht zeréckgaangen. Dat hält de Statec a sengem neie Rapport iwwer Aarbecht a sozial Kohesioun fest.

auto_stories

2 min

Den Undeel u Persounen, déi un der Aarmutsgrenz liewen, ass vu 17,4 op 17,2 Prozent gefall. An den duerchschnëttlechen disponibele Revenu ass 2022 par rapport zum Joer virdrun ass ëm ronn sechs Prozent geklommen. Ausserdeem ass zejoert den duerchschnëttlechen disponibele Revenu par rapport zum Joer virdrun ëm ronn sechs Prozent geklommen.

Trotzdeem sinn nach ronn 108.000 Mënschen zu Lëtzebuerg vum Aarmutsrisiko betraff. Dës komme virun allem aus de Beräicher vun der Constructioun, vun der Hotellerie, der Restauratioun an der Santé. Gläichzäiteg ass den taux d’effort , dat heescht den Undeel vum Revenu, deen un de Logement consacréiert gëtt, tëschent 2017 an 2022 ëm ganzer zéng Prozentpunkte geklommen, präziséiert de Guillaume Osier vum Statec.

“Donc c’est quand même une augmentation qui est très forte et qui est à mettre en relation avec cette perception subjective en effet sur la charge des couts du logement. On voit que les deux sont cohérents. Et si on Regarde plus précisément encore ce taux d’effort, on voit que plus de 40 pourcents du revenu disponible sont consacrés au logement pour les ménages qui appartiennent ce quon appelle le premier quintile du revenu, c'est-à-dire les ménages modestes, les ménages locataires et aussi les ménages isolés de moins de 65 ans.