Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Stereo MC's - Step It Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ STATEC: 73,7 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten hunn e Migratiounshannergrond

Vollekszielung

STATEC: 73,7 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten hunn e Migratiounshannergrond

73,7 Prozent vun de Lëtzebuerger Residenten hunn e Migratiounshannergrond. Dat geet aus den neitsten Zuelen ervir, déi de Statec no der Vollekszielung vun 2021 publizéiert huet. 49,3 Prozent vun der Populatioun goufen am Ausland gebuer, 47,2 Prozent vun den Awunner hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit.

auto_stories

1 min

Vun den Awunner mat Lëtzebuerger Pass hu knapp 38 Prozent nach op d‘Mannst eng aner Nationalitéit. 20,8 Prozent vun de Lëtzebuerger kruten d‘Nationalitéit iwwerdeems iwwert d‘Naturalisatioun. Do gouf et an de leschte Joren eng gréisser Progressioun, wéinst enger Rëtsch Reformen: Zanter 2016 huet sech d‘Unzuel un Naturalisatioune pro Joer verduebelt. Am Grupp vun deene Persounen, deenen hir Elteren am Ausland gebuer goufen, déi selwer awer déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn ass d‘Evolutioun genee sou spektakulär: Am Joerzéngt vun 2011 op 2021 hu bal 79.000 Persounen déi Lëtzebuerger Nationalitéit kritt, an hiren Taux ass vu 4,5 op 15,8 Prozent an der Populatioun geklommen.