Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Tame And The Wild - Windstill

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mieterschutz: Suergen em d'Zukunft vun der Logementspolitik

Logementspolitik

Mieterschutz: Suergen em d'Zukunft vun der Logementspolitik

Den Direkter vum Mieterschutz, de Jean-Michel Campanella, seet hie wier enttäuscht a besuergt wat d’Zukunft vun der Logementspolitik ugeet. Et hätt een an de leschten zwee Joer vill mam Logementsministère vu bis elo maachen esou de Jean-Michel Campanella. Den Direkter vun der Fondatioun à l’accès au Logement weist sech sengersäits méi optimistesch. 

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

De Gilles Hempel, Direkter vun der Fondation pour l’accès au Logement hofft, dass et elo, tatsächlech, zu enger richteger Offensiv am Logement kënnt:

Et steet jo schonn an der Introduktioun dran, dass dat éischt Objektiv vum Gouvernement wier, fir ze kucken, datt d’Leit alleguerten Accès zu engem abordabele Logement kréien. Ech mengen, dat muss och d’Aufgab vun der nächster Regierung sinn, fir ze kucken, dass d’Leit eng abordabel Wunneng kréien."

Hien ass virsiichteg optimistesch, hätt sech awer ee Super-Ministère fir de Logement erwaart, also ee Minister, deen all déi concernéiert Departementer vereent. Dat wier awer elo leider net de Fall, bedauert de Gilles Hempel.

Jean Campanella enttäuscht

De Jean-Michel Campanella, Direkter vum Mieterschutz, ass op der ganzer Linn enttäuscht. Datt de schwaarz-bloe Koalitiounsaccord virgesäit, d’Gesetz iwwer d’Locatioun, also de bail à loyer, komplett ze iwwerschaffen, mécht him Suergen. 

"Zum Beispill, dass se elo dat opgi mam Partage vun de Frais d’Agence, well et war jo elo ausgehandelt ginn, et wier hallef-hallef. Wat jo vill méi richteg ass. Mee dat fäerte mer zum Beispill, datt dat net méi ass. Datt d’Garantie locative net vun dräi Méint op zwee Méint geréckelt gëtt. Dat mat de Colocaioune wëlle se jo separat schreiwen, do froe mer eis och wat."

Ëmmer méi Leit op Locatioun ugewisen

Et géif schonn esou laang drop higewise ginn, datt sech vill Leit de Kaf vun enger Wunneng net méi kënne leeschten, a musse lounen. Dat wiere souwuel Leit, déi a Lëtzebuerg immigréieren, wéi awer och Jonker, déi nei ugefaangen hu mat schaffen, an och Leit déi sech scheede loossen, d’Haus musse verkafen an och op Locatioun ugewise sinn. Oft och mat Kanner, betount den Direkter vu Mieterschutz nach.

An dofir soe mer eis, wann do näischt gemaach gëtt, wat d’Präisser wéineg stabiliséiert, a fir datt d’Rechter méi equilibréiert gi fir déi zwou Säiten, et ass jo eng Negociatioun, mir si jo an enger Demokratie, da si mir awer angoisséiert wat do op eis duerkënnt."

Et wéilt een awer elo den Dialog sichen, an et géif een hoffen, dass déi nei Regierung och den Dialog mam Mieterschutz sicht, esou nach de Jean-Michel Campanella.

Lauschterenplay_arrow