D‘Ukrain hat gëschter behaapt, de Viktor Sokolow, an 33 russesch Offizéier, wieren ëm d‘Liewe komm bei der ukrainescher Attack d‘leschte Freideg op d‘Haaptquartéier vun der russescher Flott zu Sewastopol.
Trotz dëser Attack wier déi russesch Flott weider asazbereet, esou d'Aschätzung vum brittesche Verdeedegungsministère. Déi ukrainesch Attacken op d'Krim hätte vill Schued ugeriicht, mee déi russesch Flott wier weider an der Lag, hir Haaptaufgaben ze erfëllen.