Radioen

On air

Concert  |  Hommage un den Danz

play_arrow Live
search

/ Rout Mier: Attack op amerikanescht Transportschëff

Weider Huthi Attack

Rout Mier: Attack op amerikanescht Transportschëff

Am Roude Mier gouf et eng weider Attack vun den Huthi Rebellen op en Transportschëff. D‘Huthi Rebellen hunn aus dem Jemen dräi weider Rakéite fort geschoss..

auto_stories

1 min

En amerikanescht Transport-Schëff gouf am Golf vun Aden getraff, esou déi brittesch militäresch Observatiouns-Missioun am Roude Mier. 

Et hätt kéng Blesséierter a kee gréissere Schued ginn, esou den amerikanesche Militär. Gëschter haten d‘USA eng Rakéit ofgewiert déi d‘Huthi Relleben an d‘Richtung vun engem amerikanesche Krichsschëff geschoss haten.