Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Rout Mier: Amerikanescht Krichsschëff gouf vun Dronen attackéiert

Noen Osten

Rout Mier: Amerikanescht Krichsschëff gouf vun Dronen attackéiert

Een amerikanescht Krichsschëff ass gëschter an eng Dronenattack am Roude Mier verwéckelt ginn. Deemno wieren Handelsschëffer vun Dronen aus dem Jemen attackéiert ginn. D‘Schëff konnt déi Attack awer ofwieren.

auto_stories

1 min

Hanner der Attack stiechen Houth Rebellen. Si gräifen israeelesch Cargoschëffer aus Revanche wéinst den Evenementer am Gaza un. Vun amerikanescher Säit heescht et, den Iran géif hannert dësen Attacken op déi international Handelsroute stiechen.