Am Gespréich sot de Robert Mehlen, datt hie säin Ordre permanent fir d’Cotisatioun fir d'ADR scho gestoppt hätt. Et géif him schwéier falen, aus der Partei auszetrieden, mee mat der aktueller ADR hätt hien “net méi wierklech vill um Hutt”. Hie wier “maasslos enttäuscht” iwwer seng Partei, esou de fréieren Deputéierten.
Um Kongress zu Klierf ee Sonndeg hat den ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser gesot, an der Ukrain géif et keen Ugrëffskrich ginn, mee ee Stellvertriederkrich vun den USA mat Russland.
Am Januar hat den Ex-Parteipresident Robert Mehlen schonn am 100,7-Interview mam Gedanke gespillt. Dat wéinst der Partei hirer Positioun zu Russland.
Robert Mehlen: Kee Courage an der ADR
Et hätt keen de Courage an der Partei, fir de Mond dogéint opzedoen, huet den Éierepresident um Dënschdeg gemengt. Den “onméigleche Bréif” vum Fernand Kartheiser un den US-President Donald Trump, vun deem d’ADR sech och net distanzéiert huet, hätt hien a senger Astellung bestäerkt, esou de Robert Mehlen.
Mee dat ass net dat Eenzegt, wat hien un der aktueller ADR stéiert. Weider Sujeten, zu deenen de Robert Mehlen eng aner Meenung huet wéi d’Partei, sinn de Klimawandel an d’Fokusséieren op “lénk Sujeten”. Et géifen aner Problemer ginn, esou den Ex-Deputéierten.
Weider Grënn fir een ADR-Austrëtt
Donieft ass de Robert Mehlen enttäuscht doriwwer, datt d’ADR d’Intressie vun de Leit aus dem Privatsecteur net méi wierklech vertriede géif. Dobäi war jo grad dat eent vun den Objektiver vum ADR-Virgänger, dem “Aktiounscomité 5/6 Pensioun fir jiddereen”.
Zu der rezenter Punktwäerterhéijung fir d’Staatsbeamte wier keng Reaktioun vun der ADR komm, bedauert hire fréiere President. Dem Robert Mehlen no géif de Privatsecteur vill dorënner leiden, datt de Gruef tëschent ëffentlechem a privatem Secteur ëmmer méi grouss géif ginn.
Aus all dëse Grënn géif hie mengen, datt hien aus der ADR austriede wäert, huet de Robert Mehlen eis gesot. Een Interview dozou wollt hien awer net ginn.
Sollt et zum Parteiaustrëtt kommen, da géif hien dat iwwer een oppene Bréif maachen, huet de Robert Mehlen nach betount.