search

/ Richtungswiessel a Bolivien: Chrëschtdemokrat Rodrigo Paz gewënnt Stéchwal

Presidente-Stéchwal

|
headphones

1 min

Richtungswiessel a Bolivien: Chrëschtdemokrat Rodrigo Paz gewënnt Stéchwal

Bei der Stéchwal huet de Rodrigo Paz, Kandidat vun de Chrëschtdemokraten, sech mat ronn 55 Prozent vun de Stëmme géint den aktuelle President Luis Arce vun der lénker Partei duerchgesat. D‘Walkommissioun huet dat nach net definitiivt Resultat annoncéiert.

headphones

1 min

Walgewënner: Rodrigo Paz Pereira  | ©  EPA/LUIS GANDARILLAS
Walgewënner: Rodrigo Paz Pereira (Foto: EPA/LUIS GANDARILLAS)

Bal all d'Stëmme wieren ausgezielt. Dem Chrëschtdemokrat Rodrigo Paz säi Virsprong wier net méi erëmzekréien, esou d‘Walkommissioun.

Ära vu lénke Regierunge kënnt op en Enn 

Domat kënnt no bal zwee Joerzéngten d‘Ära vu lénke Regierungen a Bolivien op en Enn. Bolivie wier elo zeréck op der internationaler Bün, sot den zukünftegen neie President no der Annonce vum virleefege Walresultat. 

Weltwäit gréisste Reserve vu Lithium

De Walkampf war vun der Wirtschaft- an Aarmuts-Kris a Bolivie markéiert. De Rodrigo Paz Pereira huet ënnert anerem eng Relance vun de Relatioune mat den USA an eng Ouverture vun der Wirtschaft an Aussiicht gestallt. Bolivien huet déi weltwäit gréisste Reserve vu Lithium, eng vun de wichtegste Komponente fir d‘Batterië vun Elektro-Autoen.