Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi gesäit d'Zukunft vum TICE aus?

Reunioun mat der Yuriko Backes

Wéi gesäit d'Zukunft vum TICE aus?

D’Zukunft vum TICE, dem Busreseau vun de Südgemengen, stoung gëschter am Mëttelpunkt vun enger Reunioun mat der Transportministesch Yuriko Backes. Virun deem Treffen haten d’Gewerkschaftsvertrieder Alarm geschloen.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Ängschte vun der Personaldelegatioun engersäits, Berouegung duerch d’Ministesch an de Büro anerersäits: Sou kann een den Dag vu gëschter aus der Perspektiv vum TICE ëmschreiwen.

De Büro, also dat politescht Gremium vum interkommunale Persounentransport am Kanton Esch, hat gëschter am Nomëtte Rendez-vous bei der Transportministesch Yuriko Backes. Do virdrun haten d’Gewerkschaftsvertrieder Alarm geschloen. Dat, well si, entgéint enger Ouverture vum viregte Minister François Bausch, net bei där Reunioun dobäi waren, well d’Yuriko Backes déi gekippt hätt.

Op Subventiounen ugewisen

Dobäi fäert d’Personaldelegatioun e Minus u finanzieller Ënnerstëtzung vum Staat fir den TICE, wat een Impakt op d’Personal hätt, sou de President Theo Schickes, dee sech och vum Büro enttäuscht sot.

“Mir hunn eis am Fong och do erwaart, datt si géife standhaft bleiwen. An deem heite Fall elo hu si relativ séier noginn. A wann dat och an de Verhandlungen de Fall ass, da gesäit et fir d’Zukunft vum TICE, respektiv fir d’Mataarbechter, ganz schlecht aus.”

D’Gemenge kéinten d’Käschte vum TICE schonn net méi sou gutt stemmen. Wann dann nach staatlech Subventiounen ewechfale géifen, da wier dat fir d’Gemengen net méi ze droen.

Eng Integratioun an den RGTR-Reseau?

D’Ministesch huet no der Reunioun zouginn, datt déi finanziell Diskussioune vläicht net sou einfach géife ginn. E Plazenofbau wier iwwerhaapt keen Theema, mee bei de Buslinnen, do géif et verschidden Optioune ginn.

"Linnen, déi vläicht op Demande vum TICE géifen an den RGTR integréiert ginn oder net: Alles dat gëtt hei ganz oppen a konstruktiv diskutéiert.”

D’Yuriko Backes huet betount, hannert dem TICE ze stoen, an deen zesumme fir d’Zukunft wëllen opzestellen. De But wier et, fir virun der Summervakanz Decisiounen ze presentéieren.

Ofbau vun Aarbechtsplaze wuel keen Theema

Et wier net schlecht, Kloerheet ze hunn, huet den TICE-President Marco Lux gemengt. Den LSAP-Schäffe vu Keell sot sech zouversiichtlech, datt ee géif op e gemeinsamen Nenner kommen, och wann d’Suerge vun der Personaldelegatioun berechtegt wieren. Mee wat den Aarbechtsplazenofbau ugeet, do mengt hien "erausgespuert" ze hunn, "datt et ëm keen Aarbechtsplazenofbau geet.” Fir den TICE schaffen de Moment eng 540 Leit. 

Hien hätt net onbedéngt Suergen, datt verschidde Linnen an den RGTR sollten integréiert ginn, sot de Marco Lux. An a puncto Schülertransport wier e Konsens méiglech. Dogéint wieren d’Statistike vum Late night-Bus net gutt. Et séiz een awer och zesummen, fir datt déi finanziell Enveloppe vum Staat fir den TICE net méi kleng gëtt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik