Zënter de leschten Europawale virun zwee Joer sinn déi riets- a rietsextreem Fraktiounen am Europaparlament bekanntlech däitlech méi staark vertrueden a si maache sech och deementspriechend bemierkbar.
Besonnesch remarkabel am negative Sënn war déi lescht Woch dëse Moment, vun deem mat Sécherheet nach vill wäert geschwat ginn.
Gebläers am EU-Parlament: "En neien Déifpunkt"
D’Euphorie um rietsen a riets-konservative Bord doriwwer, datt sech am Parlament eng grouss Majoritéit vu 418 Jo- zu 218 Nee-Stëmmen an 30 Enthalunge fir verschäerften EU-Reegele fir d’Retoure vu refuséierten Demandeur-d’asille gestëmmt huet, war dee leschte Mëttwoch ganz grouss.
Nom Vott gouf et eng Standing Ovation: "Send them back" - "Schéckt si zeréck", hunn zesummen d’Membere vun den "Europäesche Konservativen a Reformer", de "Patriote fir Europa" an dem "Europa vu Souveränen Natiounen" gebrëllt. Verschiddener hunn dobäi d’Fauscht kämpferesch an d’Luucht gestreckt, fir hir Determinatioun ze ënnersträichen.
Duerno huet et kuerz gedauert bis de Rescht reagéiert a mat "Shame on you" also "Schummt iech" geäntwert huet.
"Ech hu mech nach ni esou onsécher am Parlament gefillt", mellt sech duerno déi schweedesch Europadeputéiert Abir Al-Sahlani, sichtlech schockéiert zu Wuert. Déi liberal Politikerin ass am Irak gebuer.
"Dat heiten ass en neien niddregen Niveau, souguer fir déi rietsextreem a faschistesch Deeler vum Parlament."
Wat den Niveau ugeet, war do awer nach Loft no ënnen.
Plaintë wéinst Rassismus
Si sollt vläicht besser heemgoen, huet nämlech méi spéit op de Soziale Medien den däneschen Europadeputéierte Kristoffer Storm vun den "Europäesche Konservativen a Reformer" gemengt. Dat nodeems de Finn Sebastian Tynkkynen (och EKR) d’Interventioun vun der Schweedin mat "Kräisch nach méi" op Tik Tok kommentéiert hat.
D’Parlamentspresidentin gouf an der Tëschenzäit mat verschiddene Plaintë wéinst Rassismus befaasst. Si géif där Saach nogoen, huet hir Spriecherin matgedeelt.
EU-Majoritéit fir Return Hubs a fir EU-Subventiounen
D’Zoustëmmung fir dat neit Reglement, wat och den Opbau vu sougenannte Return Hubs baussent der EU virgesäit, war iwwerdeems wäit iwwer de rietse Bord erausgaangen.
Dofir haten och d’Membere vun der "Europäescher Vollekspartei", genee wéi déi meescht vun de Liberale gestëmmt.
Ënner de Lëtzebuerger EU-Deputéiert haten d’Tilly Metz vun déi gréng an de Marc Angel vun der LSAP dogéint gestëmmt. D’Isabel Wiseler-Lima an d’Martine Kemp (allebéid CSV) hu genee wéi de Fernand Kartheiser (ADR) mat Jo gestëmmt, iwwerdeems sech de Charel Goerens vun der DP enthalen huet.
Obschonn och bei de Memberlänner déi grouss Majoritéit déi nei Reegele begréisst, huet de Sujet vun de Retouren och um Bord vum EU-Sommet fir Diskussioune gesuergt.
Et geet ëm déi sougenannte Return Hubs. Dorënner versteet een Zentere baussent der Europäescher Unioun, an déi Migrante geschéckt ginn, deenen hir Demande d’Asyl refuséiert gouf, an déi net kënnen an hiert Heemechtsland zeréckgeféiert ginn.
19 Länner haten Enn der leschter Woch um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun esou Zentere sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. D’Initiativ koum vun der dänescher Premierministesch Mette Fredriksen an der italieenescher Premierministesch Georgia Meloni.
Ongewéinlech däitlech dogéint huet sech nom EU-Sommet de franséische President ausgeschwat.
Emmanuel Macron stellt Konformitéit mat EU-Wäerter an Effikassitéit a Fro
Frankräich wier dogéint, Leit déi net wëllen an hiert Heemechtsland goen, géint hire Wëllen an een Drëttland ze schécken, esou den Emmanuel Macron.
"Je ne suis pas sûr que ce soit ça, notre Europe ... Et je ne crois pas, par ailleurs, que ce soit efficace."
Och de spuenesche Premier Pedro Sanchez hat sech kritesch par Rapport zu Retourzentere geäussert.
Et wier jidder Land iwwerlooss, ee Projet fir een externen Zenter ze lancéieren, mee EU-Sue sollten dofir net an d’Hand geholl ginn, esou och déi kloer Ausso vum franséische President.
EU-Kommissioun léisst Fro op
Ass dann esou ee Finanzement virgesinn?
Déi Fro gouf der Europäescher Kommissioun e Méindeg direkt 4 Mol an enger Pressekonferenz gestallt.
Eng Äntwert gouf et net.
"Et ass un de Memberlänner deen nächste Schratt ze maachen", esou de Markus Lammert, de Spriecher vun der Kommissioun. Bréissel wier prett, "Projeten, déi zeideg sinn", ze ënnersichen.
Lëtzebuerg war net ënner de 19 Länner, déi dee Bréif mat ënnerschriwwen hunn.
Et wier ee vun Ufank un net bei deene Reuniounen zu deem Sujet derbäi gewiescht, huet et aus dem Staatsministère geheescht.
Lëtzebuerg ass net géint Centre-de-retouren
Esou ganz kloer ass déi Lëtzebuerger Positioun awer net.
De Premier Luc Frieden hat sech éischter skeptesch par Rapport zu Return Hubs geäussert.
Den Inneminister Léon Gloden hat am Dezember zejoert eng Lëtzebuerger Zesummenaarbecht mat engem aneren EU-Land en Vue vun esou engem Zenter net ausgeschloss.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.