Eppes méi wéi 1.000 Fraen a Männer hunn d’lescht Joer zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot. Ronn 800.000 Leit waren et insgesamt an der EU.
Elo ass en neien EU-Asylpakt a Kraaft getrueden, dee fir vill Diskussioune suergt. Och déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH spuert net mat Kritik un der Ëmsetzung vun deem Asylpakt hei zu Lëtzebuerg.
CCDH zweifelt um Impakt, deen den EU-Asylpakt wäert hunn
Am 100,7-Interview widderhëlt d’Presidentin vun der CCDH, d’Noémie Sadler, ëmmer nees, datt Mënschen, déi Asyl ufroen, hiert Land net verloossen, fir “Vakanz ze maachen”, mee well si sech oder hir Kanner a Gefor gesinn.
Doru wäert och den neien EU-Asylpakt näischt änneren, mengt si.
“Do huet ee Grënn, déi een dozou beweegen. Da mécht ee sech op de Wee. Op hei d’Mesurë méi strikt ginn oder net. Et wäerte vläicht méi Leit op de Baussegrenze festhänken, wou d’Mënscherechter net onbedéngt respektéiert ginn.”
D’Zil vum Asylpakt ass et méi séier Prozeduren duerchzeféieren. Mee op um Enn vum Dag och d’Schlaangen un den EU-Baussegrenze manner laang ginn, bleift ze gesinn.
Suergen ëm Europa maachen
Weider stéiert sech d’CCDH un der Logik hanner deem Asylpak. De Parteien, déi migratiouns-kritesch sinn, wollt een esou de Wand aus de Seegelen huelen. Firwat een dann higeet an hinnen dat gëtt, wat se wëllen, kann d’Noémie Sadler net verstoen.
De Pakt ass och just duerchgaangen, well eng grouss europäesch Partei sech de rietse Parteien ugeschloss hat.
Nom Vott d’lescht Woch vun de Return Hubs hunn dës riets Parteien de Slogan “Send them back” duerch d’EU-Parlament geruff. Bei deem Ubléck mécht sech d’Presidentin vun der CCDH Suergen ëm d’Zukunft vun Europa.
“Mir sinn net méi an engem Europa, wou d’Leit wëllkomm sinn, mee wou d’Mauere méi héich gebaut ginn a manner Leit Schutz gebuede kréien.”
D’Brandmauer géint Riets misst oprechterhale ginn, esou nach d’Noémie Sadler.
Trotz limitéierte Moyenen e geneet A op d'Ëmsetzung halen
Hei am Land ass den Text zum EU-Asylpakt duerch d’Chamber gaangen. Eng grouss Neierung ass de Centre de filtrage op der Gare.
Am Virfeld vum Vott an der Chamber hat sech d’CCDH scho kritesch dozou geäussert an ugekënnegt, d’Ëmsetzung vun de Prozedure méi genee ze suivéieren.
Leider hätt een awer net d’Moyene fir Leit op den Terrain ze schécken, seet d’Noémie Sadler. Wann hinne generell Problemer géingen opfalen, da géinge si awer en Avis oder e Communiqué schreiwen.
De Problem wier deen, datt den Text zu deem Punkt flou formuléiert wier.
Jo zur Kontroll, awer mat manner Mësstrauen
Geplangt ass een oppene Beräich, wou d’Leit kontrolléiert ginn, an een zouenen Beräich, wou Leit, déi e Risk fir d’Bevëlkerung duerstellen oder net kommunizéiere wëllen, kënne festgehale ginn.
“Mee et kann een net ëmmer iwwer alles schwätzen. (...) Dat si Leit mat traumateschen Erliefnisser, oder si hu schlecht Erfarunge mat Autoritéite gemaach.”
Mee wou zitt een d’Grenz tëschent Kontroll a Verletzung vun de Mënscherechter? D’Noémie Sadler betount, datt een “absolutt averstanen” ass, datt muss kontrolléiert ginn, wien an d’Land kënnt. Mee bei dëse Kontrolle géing awer d’Mësstrauen am Vierdergrond stoen. D’Mënscherechter misste sech hannen ustellen.
De Problem mat de Mineuren
Besonnesch kritesch gesäit d’CCDH de Punkt, datt Mineure vu 16 Joer u kënnen an déi zoue Struktur kommen. An dat ass en nationale Choix an net vun der EU virgesinn.
D’CCDH bezeechent dat als en “No-go” an och d’UNO-Flüchtlingswierk huet dee Punkt kritiséiert.
An der Chamber ass gesot ginn, dës soll d’Exceptioun vun der Exceptioun duerstellen. “Mee firwat et dann iwwerhaapt an de Gesetzestext schreiwen”, freet sech d’Noémie Sadler.
“Wann et esou ausgeluecht gëtt, tant mieux. Mee fir eis hätt et missen aus dem Gesetzestext erausgeholl ginn.”
E weidere Problem ass de Manktem un adaptéierte Strukturen.
“Mir hunn elo schonn e Problem mat Kanner am Erwuesseneprisong. Elo bréicht een nees adaptéiert Strukturen. Wou huele mir déi dann hier?”
Chamber gëtt en "trauregt Bild" of
De Gesetzestext ass relativ séier duerch d’Chamber gaangen. D’CCDH huet sech onzefridde gewisen, wéi hiren zweeten Avis vun der Chamber behandelt gouf.
D’Noémie Salder betount, datt een zwar en zäitlech limitéierte Kader hat, mee datt een dat Ganzt awer hätt kéinte manner gestresst ugoen.
“Avisen zu Amendementer sinn net consideréiert ginn. Vun 20 aneren Acteuren och. D’Chamber huet en trauregt Bild ofginn.”
Fir esou eng demokratesch Institutioun wier dëst Virgoe “bedenklech”, seet d’Presidentin vun der CCDH.
Si ass awer der Meenung, datt sech zivilgesellschaftlech Acteuren doduerch net ënnerkréie loossen, mee sech an Zukunft nach méi mobiliséiere wäerten.