arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik um neien Asyl- a Migratiounspakt: Kontroll gëtt iwwer Mënscherechter gestallt

National

|
reading time

1 min

Kritik um neien Asyl- a Migratiounspakt: Kontroll gëtt iwwer Mënscherechter gestallt

Déi consultativ Mënscherechtskommissioun CCDH, den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher, UNICEF Lëtzebuerg an de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot si besuergt iwwer den neien euopäeschen Asyl- a Migratiounspakt, deen d'lescht Woch a Lëtzebuerger Recht transposéiert gouf.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Schmidt
(Foto: picture alliance/dpa | Christoph Schmidt)

Si haten déi Reform schonn am Virfeld schaarf kritiséiert, mee elo stellen si fest, datt hir Suergen an Awänn net eescht geholl gi sinn. D‘Regierung hätt hir Awänn ignoréiert, heescht et an engem Communiqué. 

Dëst Gesetz wier, wéinst dem Zäitdrock, duerchgeboxt ginn. Déi véier Associatioune bleiwe bei hirer Kritik, datt beim Asyl- a Migratiounspakt Kontroll iwwer d‘Mënscherechter gestallt gëtt.