Riets geet vun 60.000 Migrant:innen. Iwwer déi genee Zuele sinn sech d’Autoritéiten awer nach net ganz sécher. Dem spueneschen TV Sender RTVE no, hätten an Tëschenzäit 25.000 Migranten d‘Exklav nees a Ricktung Marokko verlooss.
D’Police huet déi lescht zwee Deeg zéng Läiche fonnt vu Leit, déi an d’Europäesch Unioun wollten. D’Regionalregierung fuerdert vu Madrid, datt den nationalen Noutstand ausgeruff gëtt, an déi spuenesch Arméi op der Grenz mat Marokko agesat gëtt.
Urteel vum Ieweschte spuenesche Geriicht wuel de Grond
De spuenesche Premier Pedro Sanchez huet op der Plaz op d‘Kris reagéiert. Hien huet Ustuerm vu Migranten als Attack géint déi territorial Integritéit vu Spuenie qualifizéiert a kriminell Banden a Mënscheschmuggler dofir responsabel gemaach. Si géifen e rezent Urteel vum Ieweschte spuenesche Geriicht ausnotzen. D‘Geriicht hat festgehalen, datt Migranten net däerfen zréck geschéckt ginn, wa si iwwert d‘Mier a Spuenie kommen. Dës „Interpretatioun“, wéi de Premier sot, hätt sech séier ënnert de Migranten a Marokko rëmgeschwat.
Nordafrika-Exklav Melilla
Och an der zweeter spuenescher Nordafrika-Exklav Melilla si ronn 400 Migranten ukomm. Melilla läit um Mëttelmier an grenzt um Landwee u Marokko. D’EU huet Spuenien Ënnerstëtzung ugebueden.
Spuenien huet Zaldoten op de‘Plaz geschéckt fir der Police op Ceuta an an der Exklave Melila ze hëllefen.
Fuerderung: Spuenie misst Schenge-Raum verloossen
Italien, Dänemark a Norwegen hu gefuerdert, datt Spuenien temporär aus dem Schengen Raum misst ausgeschloss ginn.
De franséischen Inneminister Laurent Nuñez huet ugekënnegt, datt hie sech haut nach eng Kéier mat sengem spuenesche Pendant ofschwätze wäert.
Frankräich huet schonn zousätzlech Grenzkontrollen un der spuenesch-franséischer Grenz ordonnéiert.